Profile avatar
kaeschtnix.bsky.social
Deelzeit Anarcho-Conformist Vollzäit Antifaschist Vun der Long op d’Zong Satire, awer net nëmme
254 posts 111 followers 45 following
Prolific Poster
Conversation Starter

An der Zeit vum Supterfuge ass d’Wourecht e revolutsionären Akt

Wat iwwerlierft méi laang? Nato oder dëse Kabes?

Et daerf een och Näischt méi soen haut zu Dags.

Ech hu mol eppes méi nëtzleches gemaach an eng plainte déposeiert zu RTL, keng Ahnung op dat eppes brengt, mais si gespant wat d’Suite ass.

Ech hunn e gudde Kiné

Nemmen eng Saach ass iwwert dem Gesetz an dat ass d’Verfaassung. An dono den internationale Recht. Sou schwéier ass dat net.

Cool, wéi ee erliewe kann, wéi d’Muecht N#1 op der Welt sech selwer ofschaft. Dismantelt weider äre Stat, klaakt Tariffen op alles an gidd Diktatoren Saachen, déi ierch net gehéiere. Wat soll do scho schief goen?

Vance vertrëtt Meenung, datt een net kinnt an Europa de gréisste Schäiss verzapen a far-right Agenda pushen. D’Ironie schréiwt sech vum Selwen.

Vance gehéiere op d Féiss an net an d’Politik.

Huch, ech hätt ni geduert, datt et gläichzäiteg 1934 an 1945 si kéint.

Ech well net de Grindset, ech well 4 Joer al sinn ann an engem Kaddie setzen an Sugus offréiert kréien.

Gebuer fir Lioner beim Metzler ze iessen, Verdaamt ze schaffen fir Lioner ze kafen.

🤷‍♂️ Upsi schwupsi, ech hu mengem Noper seng Kaz zweemol iwwerrannt, dat war e Versehen, kann ee wuel Näischt maache 🤷

Ah, kreie mer lo en A.I.-Frieden aka “Neie Luc”?

Ech wees net ween et heiere muss, mais et ass 2025, macht wegl. keen Duckface op engem Selfie.

Lëtzebuergesch Geschriwwe ze gesinn ass schon total wild, mais Näischt topt, wann een hokt Isléckeg liisst, da kriis da durrich de Laacher.

Alles cool, kaf Lokal, bei all zweetem Akaf krisst de eng Krankheet gratis dobäi!

Veruerdnung # 10846: Tesla Autos sinn ab elo just nëmme nach als “Swasti-Car” ze référéiere.

Jo jo jo

Et fällt een all Dag op déi selwescht Saachen eran 🤷

Charal huet e Boot op der Vendée globes an et geseit genausou aus wéi een sech dat firstelle giff. Source: IMOCA 60 Charal , charal Sailing Team

Ech soen just 3 Wierder: Kommentarer. Covid. RTL. Jesus.

Ech gin der Recht, dass Migratioun de Problem ass, nämlech d’Migratioun vun de Souen aus den enneschte Schichten op antidemokratesch Tech-Mogulen.

Ech wuarden na bis haut op mäin Demonstratiounsgeld, ech brauch nämlech Souen fir meng Bot army ze finanzéieren.

Mein Kand kennt Sprooch net an huet keen Akommes. Riskéiert et dann o lo op Strooss gesat ze ginn?

Iergenteen Typ vun der anere Säit vun der Strooss huet mer ugebueden, mein Haus ze kafen. Hien seet, et wier eng Top Lag well su central virun der Dippech. Soll ech akzeptéieren?

Dat huet mer méi Zäit geholl, wéi et de Meme wärt ass.

Do war ee méi séier ewéi ech.

- “Ech ginn der geschwenn eppes fir ze kräischen!” - “Nee merci, ech hun schon fir haut d’Kommentarspalt vun RTL op facebook gelies”

Ech hu missen et 3mol liesen fir ze wessen wat leeft.

Easy fix: Patronat, bezuel deng Arbeschter méi 🤷

D’Introductioun vun Wellëff an d’Ecosystem ass e wichtege Schratt well se zB Réi Populatiounen reguléieren. Ech fannen, dat kann ee roueg och an aner Kontexter maachen. Exploitéiert duerch däi Chef? Féier Wellëf an deem säin Büro an. Finanzkapitalismus? Bréngt d’Wellëff op de Kirchbierg.

Pläng fir de Weekend

Letzebuerg ass Nordkorea mat méi Suen, change my mind.

Hat schon erem zu Esch Falaffel to go vun engem Kebab, an si waren NEES NET GUDD wéi ass dat nemme meiglech, et geet kee Gott.

Och ech sin met fräi virun Virurdeeler: Ech fannen folgenden smiley spooky an ech wees net virwat: :-)

(Iwwert Ofstemmung am Bundestag) D’Leit esou: Et ass e demokratesche Prozess, och wann ondemokratesch Parteië matgewielt hunn! Se verleieren awer aus der Vu datt de Merz-Plang an der Essenz anti-constitutionell ass, geint EU-Recht, Menschenrechte an esou am Prinzip zudéifst anti-demokratesch ass.

Kleng Erënnerung datt et Lëtzebuerg egal ass ewéi et dir psyschech a moralech geet, haaptsaach du kreeéiers Share-Holder-Value.

Lo ass et rem Ech vs Ech vs the World 🤷

Unerwartet, trotzdem da: Volker Wissing, Antifa. 🙏